Reportage de photos: Op de Spuere vum Padre a Salvador

Op de Spuere vum Padre Henrique huet de Fotograf Laurent Blum d’Fondatioun Luxembourg-El Salvador a Wierker vum Paschtouer Henri Gloden mat der Kamera festgehalen.

Och wann den El Salvador zu engem vun deene kriminellsten an äermste Länner am zentralamerikanesche Raum zielt, huet dëst Land awer vill ze bidden. De Paschtouer Henri Gloden ass zanter méi wéi 50 Joer am El Salvador, a setzt sech Dag fir Dag an, dass di Schwaach an déi Jonk eng besser Zukunft sollen hunn.

Projeten ewéi ee Formatiounshaus, ee Kannerheem, ee Fraenhaus, en Dokteschhaus oder en Ambulanzboot sinn nëmmen e puer Beispiller déi de „Padre“ an d’ Fondatioun am El Salvador realiséiert hunn.

Flott wär et wann dir Iech géift  bis den 22. Juli umellen, da kënne mir eis besser organiséieren. Soll Dir spontan de Wee fannen, sidd Dir wëllkomm.

Umellen beim Club Haus am Säitert: Tel: 26 36 23 95 oder per Mail: info@amsaitert.lu