Aktioun Drecksak 2025
Programm:
07h45: RDV zu Izeg an der Gäertneschhal mat Kaffi.
Rue Nachtbann (vis-à-vis vum Oeko-Center)
08h30: Unfank vun der Aktioun an Ekippen. (E Ravitaillement gëtt am Laf vum Mueren assuréiert)
12h00: Retour an d'Gäertneschhal mat engem ofschléissenden Mëttesiessen, organiséiert vun der Gemeng
14h00: Enn vun der Aktioun
Mir recommandéieren, geeegent Kleedung a Schung unzedoen.
Mannerjähreger däerfe nëmmen a Begleedung vun engem Erwuessenen deelhuelen.
D'Kanner, déi drun deelhuelen, kréien en Diplom fir d'Matmaachen.
Confirméiert eis Är Participatipoun ab dem 1. Februar 2025 bis spéitstens de 7. Mäerz mat Ärem Numm, Virnumm, Adresse an Telefonsnummer un:
Paul KRIDEL Tél.: 36 08 08 2203 / Courriel : paul.kridel@hesperange.lu
Huelt den ëffentlechen Transport (RGTR-Linnen 461 & 462, Bus-Arrêt Itzig-Am Horra), Co-voiturage oder kommt mam Vëlo.