D’Identitéitskaarten
D'Identitéitskaart ass dat wichtegst Identifikatiounsdokument am Grand-Duché an ass obligatoresch fir all Awunner iwwer 15 Joer.
Bei all Ufroe musse folgend Dokumenter dobäigeluecht ginn:
- Beleeg vum Bezuele vun der Tax;
- déi al Identitéitskaart, am Fall vun enger Erneierung;
- en offiziellen Zertifikat vun der Police am Fall vu Perte, Vol oder Zerstéierung vun der aler Identitéitskaart .
Gutt ze wëssen:
D’Foto, déi op d’Kaart kënnt, gëtt op der Plaz gemaach, et ass also net noutwendeg, eng matzebréngen.