Museksschoul
- D’Musek benotzen als Mëttel fir d’Perséinlechkeetsentwécklung;
- d'Kapazitéit fir Kommunikatioun an Ausdrock duerch musikalesch Praxis entwéckelen;
- vun der musikalescher Praxis an individueller a kollektiver Form profitéieren;
- sech d'Elementer vun der vokaler an der instrumentaler Technik uneegene fir ze verstoen an ze wëssen, wéi een en elementaart musikalescht Wierk interpretéiere kann;
- streng an der Aarbecht, an der Expressioun an an der artistescher Kommunikatioun sinn, an engem adäquate pädagogesche Kontext;
- eng reegelméisseg Praxis an engem Museksgrupp kréien, besonnesch duerch Opféierungen an der Ëffentlechkeet;
- sech bewosst sinn iwwert d'Wichtegkeet vun der individueller a reegelméisseger Aarbecht an iwwert d’ Noutwendegkeet fir ëmmer e kritesche Geescht vis-à-vis vu sech selwer ze behalen;
- de Räichtum vum Lëtzebuerger Patrimoine a Valeur setzen, andeems een d'Museker a Komponisten aus dem Land promovéiert;
- d'Rou schätze léieren als e ganz wichtegt Element fir d'Konzentratioun, d'internt Héieren an dat musikalescht Denken ze entwéckelen.