Hesper

D’Uertschaft Hesper läit bei der Uelzecht a grenzt am Nordwesten un d’Haaptstad, am Osten un Conter, am Süden  u Réiser an am Süd-Osten u Weiler-la-Tour. Zu Hesper gehéiert eng Industriezone, déi un den Houwald grenzt. Déi aner Dierfer an der Gemeng Hesper sinn Alzeng, Fenteng, Izeg an Houwald.

 

Zuelen

Geschicht vun der Uertschaft

Nieft der aktueller Uelzechtbréck sinn d'Fundamenter vun enger Bréck entdeckt ginn op der Streck vun engem "Divertikulum", deen zwou Réimerstroossen a Richtung Tréier verbënnt. No der definitiver Besetzung vun de Franken a spéider der Grënnung vun der Iechternacher Abtei (698), gouf de Site Hesper Domän vun der Abtei. Den Historiker Alexander Wiltheim huet en Akt aus dem Joer 867 entdeckt, an deem den Numm "Hasmaringa" opdaucht. Ënnert den éischte Grofe vu Lëtzebuerg gehéiert d'Uertschaft zu der Abtei Altmünster (Lëtzebuerg). D'Häre vu Rodemack, mächteg Vasallen vun de Grofe vu Lëtzebuerg, vun deene fënnef Gouverneuren vun der Grofschaft ervirgaange sinn, hunn d'Seigneurie vun Hesper opgeriicht, an d'Schlass vu Lëtzebuerg krut ëm 1300 als Virposten de Manoir vun Hesper.

Dozou gehéiert d'Autobunnsbretell no Westen (1976), d'Autobunn op Thionville (no 1981) a schliisslech déi vum Ost-Contournement mat der Victor Bodson Seelbréck (1994).

Wéi d'Gemeng beim Centre Civic (1962), an der Mëtt vum Schoulkomplex, mat Festsall, den ëmmer méi héijen Ufuerderunge vun de kommunalen Infrastrukturen net méi entsprach huet, ass et néideg ginn, fir de Bau vum drëtte Gemengenhaus ze promulgéieren (1992), no der Demolitioun vum alen Urbéngsschlass. Niewent dem Gemengenhaus befënnt sech dann och de Park vun 13 ha.