De Service “ressources humaines” ass verantwortlech fir d'Gestioun vu Personaldossieren.
Dës Aktivitéite regroupéieren d’Remuneratioun, d’Gestioun vun der Aarbechtszäit, d’Absencen an d’Vakanzen, awer och d’Opstelle vu Carrièren.
De Service ass responsabel fir de ganze Recrutementsprozess, vun der Publikatioun vum Poste bis zur Ënnerschrëft vum Kontrakt.
De Service RH beréit déi politesch Responsabel zu alle Froe betreffend d’Aarbechtsrecht, notamment bei Disziplinarsanktiounen an Entloossungen.
Den Service RH ass verantwortlech fir d'Wiel vun de Personalvertrieder an huet eng gutt Relatioun mat der Personaldelegatioun.