Hesports 2024-2025

D'Aschreiwungen fir d'Saison 2024/2025 ginn ab dem 17.06.2024, 8 Auer bis de 08.09.2024 gemaach. D'Coursen fänken de 23.09.2024 (30 Séancen) un a fanne net während Feiderdeeg an de Vakanze statt. Wëllt Der matmaachen? Fëllt den Aschreiwungs-Formulaire (ze fannen ab dem 17.06.2024 op www.hesper.lu ënnert der Rubrik Guide du citoyen < Sport > Hesports) a schéckt en w.e.g. u folgend Email-Adress: sport@hesperange.lu oder per Courrier un: 
Administration Communale de Hesperange
Service des sports
B.P. 10 L-5801 Hesperange

De Präis vun engem Cours beleeft sech  op 100 € pro Joer.